Actualités

News

Den 1. Mee ass am Fond-de-Gras normalerweis den Optakt vun der Saison beim Train 1900, mee wéinst dem Coronavirus ass elo alles anescht…
Dëst ass di éischte Kéier an der Geschicht vum Train 1900 dass d’Lokomotiven moies am Dépôt net gehëtzt ginn an och mëttes keen Zuch fiert!

Den traditionelle Mee-Kranz ass awer opgehaange ginn, an verschidde Memberen üben gutt um Télé-Benevolat…

Bléiwt gesond,

D’Equipe vun der AMTF Train 1900

————————-


Am Mount Mee wäert den TRAIN 1900 net fueren.

Wéini et erëm lass geet a wéini den Train 1900 erëm dämpt a päift, kënne mär haut nach net soen. Mir sëtzen eise Kalenner à jour esou bal mir konkret Informatiounen hunn, déi eis dat erlaben.

Passt op Aech op a bleift gesond!

D’Equipe vum AMTF Train 1900

————-

Le Train 1900 ne circu...

Plus