Energie 507 en visite en Pologne, Allemagne et Belgique!

02/08/2023

De Feierwon, deen ass bereet!

Wéi am Sport, am Film an och a villen anere Beräicher, huet Lëtzebuerg seng Nues scho laang iwwert seng Grenzen ewech beweegt. Sou och bei der historescher Eisebunn, wou lëtzebuergesch Maschinne gär gesi Gäscht am Ausland sinn.

Des Kéier ass awer alles bëssi anescht. Eng Ekipp vun enger Doze Leit vum Train1900 fiert am August mat der Damplokomotiv Energie 507 vum Proprietär Jean-Marie Thill op Wolsztyn a Polen, fir do Gaascht um Dampfestival ze sinn, wou zum Beispill och eng Parade mat all den invitéierten Lokomotiven stattfënnt. An engem Spektakel gëtt dann am Depot d‘Maschinn richteg an Szene gesaat. De Festival den 19. an 20. August 2023 ass sécher een Highlight fir all Eisenbunnsfrënd!

Damplokparade zu Wolsztyn am Joër  2015 (Foto: Wojtek Liz)

Domat awer nach net genuch, d’Maschinn vum Typ KDL 7, wei och eng op der Diddelenger Schmelz gefuer ass, fiert bal dräi Wochen zu Wolsztyn zesumme mat enger belscher Lokomotiv am Regelverkéier. Dëst ass leider duerch vill restriktiv Reglementatiounen zu Lëtzebuerg an an der Belsch net méi méiglech. Dofir profitéieren den Train1900 an seng Memberen fir op dëser Platz hiert Kënnen an hire Knowhow ze beweisen, an der Hoffnung, dass och déi Länner méi oppe fir esou Projete ginn.

No deenen dräi Wochen a Polen, ass de Spaass awer nach net eriwwer:  am September soll den Zuch vum Train1900 mat der „Energie“, wei d’Maschinn genannt gëtt, duerch d’Däitschland iwwer d’Schinn an d’Belsch op Mariembourg iwwerfouert ginn. Zu Mariembourg ass d’Maschinn dann och do Gaascht um Dampspektakel vum 22. bis den 24. September 2023 wou de „Chemin de fer à vapeur des Trois Vallées“ seng 50 Joër feiert. Wärend dem Transfert vu Wolstyn op Mariembourg wäert Maschinn déi ganzen Zäiten ënner Damp stoen a vun de benevole Membere gefuer, geheizt an ëmsuergt ginn.

No der ganzer Aventure geet et dann erëm Heem an de Fond-de-Gras. Et ass sécher net déi éischte Kéier, dass eng Lokomotive vum Train1900 am Ausland ënnerwee ass, an d’Energie war selwer och scho mei dacks international op der Rull. Mee et ass eng absolut Première, dass eng lëtzebuergesch Ekipp sou laang a vill mat Damp ënnerwee wäert sinn. Lo kann ee sech natierlech virstelle wéi vill Aarbecht dat dat alles ass, d’Maschinn muss am perfekten Zoustand si fir d‘Strapatzen ënnerwee och mat ze maachen. Dofir sinn d’Achsen nei gemaach ginn, de Kessel ass revidéiert ginn, d’Elektrescht ass nei, an den Tender ass verstäerkt gi fir just een Deel vun den Aarbechten ze nennen.

D’Energie 507 mat Tender am Fond de Gras

D’Goliath Aufgab war awer sécherlech déi ganz Organisatioun. Den Transport vum ganze Material iwwer d’Strooss wei och iwwer d’Schinn huet misse gereegelt ginn. D’Personal muss iwwer déi ganzen Zäit versuergt sinn. D’Kuel a d‘Waasser fir d’Maschinn huet missen opgedriwwe ginn. An et hunn misse bei villen Eisebunnen a Verwaltungen, Geneemegungen an Dokumenter ugefrot an accordéiert ginn.

No engem Joer, an dem eis vill Steng an de Wee geluecht goufen, steet déi ganz Ekipp schlussendlech an de Startlächer a freet sech riseg op dat Abenteuer dat virun hinne läit, fir mat vill Passioun eist d’Ländchen am Ausland op der Schinn ze representéieren.

Dëst ass eng Geschicht vu Feier, Eisen, Kuel, Mënschen a Leidenschaft…….

(Texte: Raoul Zacharias)